De Magica Club ass eng A.s.b.l. an där sech lëtzebuergesch Zauberkënschtler zesummefonnt hunn.
De Club ass den 11. Mäerz 1998 gegrënnt ginn. Den Zweck vum Club ass et Lëtzebuerger Zauberkënschtler an d'Zauberkonscht am Allgemengen ze fërderen. De Club ass 2003 der "Fédération internationale des sociétés magiques" (FISM) beigetrueden.
Zënter 1998 gëtt all Joer eng Foire des Magiciens mat engem Jugendconcours an engem grousse Galaowend mat internationalen an nationalen Zauberkënschtler organiséiert.
Zesummenstellung vum Comité 2025 as folgend:
- President - Christina Nyman
- Secretary - Egide Urbain
- Committee member - Luc Vandenabeele
- Committee member - Leandro William
- Committee member - Steve Wagner
Kontakt:
[email protected]
Kënschtler vun der Gala a Gewënner vun de Concourse waren:
| Year | Location | Gala Artists | Contest Winner | Other Artists |
|---|---|---|---|---|
| 1998 | Bouneweg | Flip, Perol | - | - |
| 1999 | Hesper | Jay Scott Berry, Christoper Hart, Tommy Wonder, Tina Lenert, Rafaël, Kaky, David Goldrake | - | - |
| 2000 | Walfer | Jung!Junge, Julius Frack, Hans Moretti, Aldo Colombini, Carlos Vacquera, Kaky | Kamyléon | - |
| 2001 | Esch-Uelzecht | HuthochDrei, Andreas Römer, Fredini, Cyril Harvey, Ralf Rolsn und Domino, Hörbi Kull | Claus Heinzeler (Wave) | Joshua Jay |
| 2002 | Esch-Uelzecht | Topas, Roxanne, Fisselspecht, David Goldrake | Stonkel | Boris Wild, Dondo Burghardo |
| 2003 | Esch-Uelzecht | Prince of Illusions, Aaron Crow, Chris Joker, Arno, Wolf Fischer | - | Jan |
| 2004 | Esch-Uelzecht | Peplum und Othello, Pascal, Tom Voss, Ken Bardowicks, Jonas Zeller, Ben Profane | - | - |
| 2005 | Esch-Uelzecht | Gaston, Nils Bennett, Romano Carrara, David Goldrake, Axel Hecklau, Magic Wave, Jeff | - | - |
| 2006 | Esch-Uelzecht | Valérie, Pilou, Julius Frack | Timo Marc | Michael Ammar |
| 2007 | Esch-Uelzecht | Ben Profane, Ken Bardowicks, David Goldrake, Timo Marc | - | Richard Sanders |
Membere vum Club sinn/woren ënnert aneren:
- David Goldrake
- Perol
- Pascal
- Jerry Darnelle
- Jaef
- Mario Jander
- Jay Witlox
- Steve Williams
- MagicDeluxe
Presidente vum Magica Club waren:
- David Goldrake (1998-1999)
- Perol (1999-2002)
- Pascal Clement (2002-2008)
- Christina Nyman (2008- )
De Magica Club ass et och schons emol an den 50er Jore ginn. E war deemools vum René Breckler a vum Jemp Leer gegrënnt ginn. Sou ass zum Beispill 1955 eng grouss Zaubergala während fënnef Deeg am Vollekshaus zu Lëtzebuerg organiseiert ginn. 1959 ass eng lescht grouss Gala zu Munneref ofgehale ginn. Duerno huet dee Club sech opgeléist.
Interessant Fuerschungen iwwert d'Lëtzebuerger Zaubergeschicht sinn vun onsem Member Véronique Faber op follgender Websäit publizéiert:

