-
Ausfluch bei den Hans Klok op Treier (D) – 13.04.2008
Den 13. Abrell besicht den MAGICA Club dem Hans Klok seng neitsten Show “Live from Las Vegas” zu Treier. Unmeldung beim Jeff as neideg fier datt mer all zesummen setzen. Ticket’en kaschten teschend 44 an 77 Euro.
-
Ausfluch op d’Zaubergala zu Saarlouis (D) – 19.03.2008
Anstatt vun enger üblecher Versammlung, steht am März en Ausfluch op Saarlouis um Programm. Do steet owes eng Zaubergala um Programm. Mer fueren mat privaten Autoen dohinn. Dofier mellt Ierch weg sou schnell wei meiglech beim Jeff un. D’Gala geet um 20h00 un. Ticket’en kaschten 14 oder 9 Euro. Mei Informatiounen fannt dier hei.
-
Bericht vum Radio “100,7” iwwert den MAGICA Ausfluch bei “The Next Uri Geller”
Hei as den Link zum Reportage iwwert den Ausfluch op Köln.Villmols Merci un den “100,7” fier d’Erlabnis.
-
MAGICA Generalversammlung
D’Generalversammlung fennt Freides den 29. Februar um 19h00 am SNJ statt. Duerno kennt der mat ons alleguer Iessen goen. Mellt ierch w.e.g. beim comité un! Aer cotisatioun sollt der natirlech bis dohinn och bezuelt hun.
-
Nei Homepage!
An desem Moment entsteht op deser Plaatz dei nei Homepage vum MAGICA Club Lëtzebuerg. Kommt e bessen mei speit weg nach eng keier zereck. Villmols Merci, MAGICA Club Team
Got any book recommendations?